Aus den Augen aus dem Sinn! Regierung schéckt brisant “Affären” op de Mound

natosat

Déi fréier Regierung hat all hir “Affären”, déi net sollten an d’Ëffentlechkeet gelangen um Tipp zu Monnerech vergruewen. Wou déi nei Regierung domat wollt weiderfueren an den 13. Maerz 2014 och e puer vun hire “Läichen” do wollt vergruewen, ass et dunn zu engem riesegen Erdrutsch komm.

Fir datt d’Ëffentlechkeet déi verstoppten “Affären” net sollt gesin, gouff deemols eppes iwwert radiaktiv Mineraiën  verzaapt.  Et wir och liewensgeféierlech fir sech um Tipp an Ëmgéigend eremzedreiwen.

Déi ganz Affären, gouffen an deenen läschten Méint ëmmer nuechts heemlech vum Monnerecher Tipp an den neie Freeport um Findel transportéiert fir do oofgeschiirmt gelagert ze ginn, bis eng Léisung fonnt géing ginn.

Engem anonymen Tip aus dem Staatsministère as set ze verdanken, datt elo gewosst ass wou déi ganz “Affären” dann elo hikommen.  Et wir emol schon dru geduechtginn se am Atommüll-Endlager Morsleben ënnerzebrengen, mee verschiddener vun deenen Affären wiren esou explosiv gewiecht, datt Däitschland dat oofgeleent hätt.

De Moien gouff dunn am Regierungsrot engem Projet de loi zougestëmmt fir am Kader vun eiser Mitgliedschaft bei der NATO, ee Militärsatellit fir 200 Milliounen ze kafen. A wéi déi anonym Quell aus dem Staatsministère matgedeelt huet, géingen déi ganz Saachen, déi soss ënnert den Teppech gekiert gi sinn an de Satelitt gelueden an an de Weltall geschéckt.

Et missten allerdéngs nach eng Partie Satelliten kaf ginn, fir déi ganz kromm Geschichten lasszeginn.

Facebooktwitterredditpinterestlinkedinmail

Leave a Reply