Author: Revoluxion

Léisung an der Energiekris: Politiker ginn als Heizung benotzt.

De Moien hu SUDenergie, déi op hirer Websäit mat der Floskel „Fairer Preis“ pralen,  ugekënnegt, de Präis fir de Gas em 110% zu hiewen. Géint dat iwwerméissegt a mehrheetlech onbegrënnt Erhéije vun den Energiepräisser huet eis Regierung, ausser waarm Loft bis elo nach net vill produzéiert. Ma genee dat schéint elo d’Wend an der Energiekris ze sinn. Wou en normale Mënsch… Read more →

No Fuddel Skandal : Hollywood keeft Bettel Story

Nodeems dem Lëtzebuerger Premier säi Plagiat opgeflunn ass, an erauskomm ass datt hie säin Diplom ergaunert huet, huet de Steven Spielberg bei him ugeklappt fir d’Rechter op déi Geschicht ze kafen. Dem Spielberg no, soll d’Geschicht d’Basis si fir en zweeten Deel vun “Catch me if you can”. Wéi am éischte Film, geet et och an dësem iwwert e Personnage,… Read more →

Krisemanagement – Hannert de Kulissen

  Eng vun eisen anonymme Quellen huet eis eng Foto zougespillt. Hei ass drop z’erkenne wéi de Moien déi nei Mesurë getraff goufen. De Päifebléiser päkt aus: All 3 Wochen trëfft sech eis Regierung fir ee Point ze maachen an z’entscheeden, wéi et an der Kris weidergoe soll. Well awer keen aus eiser Regierung wierklech en Expert a sengem Gebitt… Read more →

COVID-19: Wie sech net un d’Reegelen hält, flitt eraus.

“Aussergewéinlech Zäite fuerderen aussergewéinlech Mesuren”. Esou heescht et an engem Schreiwes vun der Regierung. “Mir kënnen et net méi veräntwerten, datt Leit, d’Liewe vu anere Mënschen op d’Spill setzen, well se ze egoistesch sinn.” “Vun elo un, gëtt et keen Avertissement taxé méi, mee jidderee deen sech net un d’Reegelen hält oder topeg Aussoen à la “Loosst déi Jonk dach… Read more →

Bausch: Mäin Helikopter flitt mat Wand-Energie

Gëschter ass en endlech ukomm, den éischte vun enger Rei neien Helikopteren. Am Fong vigesi fir d’Arméi, well mir als Lëtzebuerg onbedéngt eis Militärausgaben héich mussen halen fir eisen NATO Quota, gëtt dësen Helikopter awer och fir aner Zwecker benotzt. Wéi gëschter bei der Präsentatioun ze gewuer wor, ginn déi nei Helikoptere virun allem fir Minister Transport benotzt. An den… Read more →

Ronaldo designed Stiwwele fir de Match zu Lëtzebuerg

“Den Terrain am Stade Josy Barthel ass an engem desolaten Zoustand” konnt een de Moien iwwerall liesen. Wéinst dem Reen ass d’Gras iwwerall futti an et gesäit aus wéi ee geploute Gromperefeld. D’Panik ass grouss, well e Sonndeg de Länner-Match tëschent Portugal a Lëtzebuerg ass. Virun allem, d’Diva Ronaldo schéngt den Angschtschweess op d’Stire vun de Responsablen vun den FLF… Read more →

Äerderwiermung Duerch Waarm Loft vun de Politiker

  Bis elo gouf ëmmer geduecht, d’Äerderwiermung géing haaptsächlech duerch den CO2 Ausstouss vun Autoe (SUV!!), Fligeren a Croisièresschëffer produzéiert ginn. Eng nei Studie huet awer elo de gréisste Sënnebock endlech ermëttelt. Nach vill méi wéi d’Kéi, déi Gasen esouwuel hanne wéi och vir erausloossen, stellen d’Politiker de gréissten Deel vu waarmer Loft hir. Et kéint ee mengen et wier duerch de Fuerpark vun… Read more →

Du bass elo an der Chamber oder an der Regierung for Dummies

Nodeems d’Pressekonferenz vun der Ministesch Dieschbourg iwwert d’Autorisatioun fir dat faméist Gaardenhaische vum Roberto Traversini gëschter eriwwer war, hu mir hannert hirem Stull e Buch fonnt. Den Titel: Du bass elo an der Chamber oder an der Regierung for Dummies erausgi vum Verband vun de Lëtzebuerger Profi Politiker Erstaunt hu mir eng Kéier duerchgebliedert a vill interessant Kapitele fonnt, wéi: Steieren wat… Read more →