Author: Revoluxion

“All Dag fräi for Climate” gegrënnt

Eng nei Organisatioun mam Ziel fir d’Klima ze schütze gouf d’lescht Woch gegrënnt. Der “All Dag fräi for Climate” geet de popeleche “Fridays for future” net duer. “Een deen eppes op sech hällt, geet net nëmme Freidegs op d’Strooss fir fir de Klimaschutz de protestéieren. E Mënsch deen et eescht mengt, geet all Dag op d’Strooss fir ze protestéieren. Allerdéngs… Read more →

RTL annoncéiert nächst Saison vun: “Lëtzebuerg’s Next Guttbezuelte Politiker”

Nom Motto “No der Wahl ass virun der Wahl” lancéiert RTL déi nächst Saison vun “Lëtzebuerg’s Next Guttbezuelte Politiker” (LNGP). Wärend 2-5 Joer gëss Du vun RTL gecoached an dagdeeglech am Radio oder op der Telé gefeatured bis datt d’Wieler Dech gutt kennen. An da kanns Du Dech bei den nächste Wahlen opstelle fir eng 100% garantéiert fett Plaz an… Read more →

Snoop Dog neie Cannabis Minister zu Lëtzebuerg

De Xavier Bëttel huet de Mëtteg d’Bomm platze gelooss.: De Cannabis récréatif gëtt zu Lëtzebuerg legaliséiert. Wat en nach net gesot huet ass wéi ee Ministère sech dorëms bekëmmert a wien de Minister vum Ressort gëtt. Aus ganz sécherer Quell krute mir haut de Mëtteg um 4:20, hannert virgehalener Hand, d’Confirmatioun, datt et zu Lëtzebuerg en neie Ministère wäert ginn:… Read more →

Diskriminéierend! Black Friday muss ëmbenannt ginn!

Wéi d’Vereenegung vun de neutrale Wochendagsbezeechnungen (VvdnWdbz) haut matgedeelt huet, hu si de Ministère de l’égalité des chances opgefuerdert direkt eppes géint d’Diskriminéierung vum Freideg ze maachen. An der läscht wire vill extrem beleidegend an diskriminéierend Aussoen, jo esouguer Reklammen um Internet, um Radio an op der Tëlee géigeniwwer dem Freideg gemaach ginn: BLACK Friday. “Et kann net sinn, datt… Read more →

Bausch: Ab e Méindeg mam Turbo Boot op d’Aarbecht

Haut de moien housch et nach op enger Pressekonferenz, datt de “Séieren Tram” all eis Verkéiersproblemer géing léisen. An nëmmen 17 Joer kéint dat scho Réalitéit sinn. D’Regierung hätt déi aktuell Zuelen iwwert de Verkéiersfloss geholl fir de séieren Turbo-Tram ze plangen. De Minister Bausch sot en hätt zwar och schon eppes vun engem anere Verkéiersmëttel op Schinnen héieren: “Zuch… Read more →

Tram gëtt duerch Knuppautoen ersat

E fiert nach net offiziell, ma schon huet et eng éischte Kéier geknuppt. Gëschter Owend gouff et dat éischt Akkzident mam Tram. Mat lapidaren 3 Zeilen an der Rubrik “Unter ferner liefen” huet RTL et ganz brav online bericht ouni d’Commentairen opzemaachen… Eis Regierung huet awer, wéi ëmmer, immens séier réagéiert. Schlussendlech soll en den nächste Weekend endlech fueren, eise… Read more →

Nei POLICE Uniform elo och virgestallt

Nodeems de Moien déi nei Policeween a Motoen an den neie Logo virgestallt goufen, ass den Owend och nach déi nei Police Uniform enthüllt ginn. Wéi bei eiser aktueller hipper a jonker Regierung mëttlerweil scho bekannt ( zum Beispill duerch déi revolutionär Idee de Budget op engem USB Stick ofzeliwweren) hun si sech eng genial afale gelooss fir déi nei Police Uniform virzestellen.… Read more →

Kriminellegewerkschaft géint Uschafung vun TESLA S Autoe bei der Police

Wéi de Moien ze héiere war, kritt d’Lëtzebuerger Police deemnächst 2 Tesla S. Mir hu vill positiven awer och negative Feedback krut. Den Elon Musk, Chef vun Tesla a SpaceX, ass super zefridden, well seng Autoen elo endlech zu Lëtzebuerg getest ginn. 2 Joer soll et daueren, bis eis Police erausfonnt huet, wéi vill déi Autoe verbrauchen a wéi wäit… Read more →