Bausch kritt de Kannerstull

regierungsrot

 

Um läschte Regierungsrot, um Freideg nomëtteg, gouffe vill verschidden aktuell Sujeten ugeschwat, esou wéi den aktuellen Drënkwaasser Problem, an d’Plans sectoriels. Allerdéngs huet déi meescht Leit wiirklech just eppes interesséiert: Firwat sëtzt de François Bausch esou déif?

Offziell wollt kee vun de Regierunsmemberen dozou Stellung huelen. “Mir sinn all op gläicher Héicht”, housch et vu Säite vun der Regierung.

Allerdéngs krute mir hannert viirgehalener Hand gesot, datt beim Regierungsrot ëmmer een de Kannerstull kritt.  Dat wir een Insiderwitz an der Regierung fir sech e bëssi vun den serieuxen Themen oofzelenken.

Deen, deen als Läschten ukënnt, kritt de Kannerstull a gesäit dann topesch aus op der Foto.

Off de Record, sot den Frank Bettel (Note vun der Redaktioun: Viirnumm geännert  vir d’Anonymitéit ze wahren): “Eierlech gesot, ass et ëmmer de Fränz, deen de Kannerstull kritt.  Hie kënnt ëmmer mam Vel’oh oder mat den Transports publics an duefier ass hien ëmmer ze spéit. Hahaha.”

Ee Member vum Minister séngem Cabinet huet eis gesot, datt ab dem nächste Freideg de Minister Bausch wuel nach ëmmer mam Vel’oh oder mat den Transports publics op d’Schaff géing kommen, mee datt dann eng Police Escorte géing matfueren fir hie méi séier op séng Aarbecht kënnt fir dann net méi de Kannerstull ze kréien.

 

Facebooktwitterredditpinterestlinkedinmail

Leave a Reply