Xavier Bettel vun den Obamas adoptéiert?

bettel_usa

 

Et kristalliséiert sech lues awer secher eraus, datt de Xavier Bettel no den nächste Wahle wuel net méi Premier wäert sinn.  Nodeems hien och elo vun der Spëtzt vun der DP zereckgetrueden ass, stellt sech elo d’Fro: Wat maachen no den nächste Wahlen?
Natiirlech kéint hien ouni Problem eng Plaz am Opsichtsrot vun enger Consultingsfirma kréien, déi mëttlerweil zum subventionéierte Secteur vum Stat zielen. Do kéint hien sech et mat senge Frënn vun de Big4 op d’Käschte vum Steierzueler gutt goe loossen.

Mee firwat sech mat esou wéineg zefreidde ginn, wann een no de Stären (an de Sträife) gräife kann.

Wéi elo bekannt gouff wëll de Xavier Bettel sech no den nächste Wahlen an d’USA oofsetzen.
Well et awer net esou einfach ass an d’USA z’emigréieren, huet hie missen mat engem kugelsecherem Plang kommen.
Eng Green Card ze kréien ass praktesch onméiglech. Mee wéi soss an d’USA awanderen?

Ma sech vun engem Amerikaner adoptéiere loossen!

A well den Zaff net n’importe qui ass, huet hie bei den Obamas ugeklappt.
D’Michelle an de Barack schéngen dem Ganzen net oofgeneigt, housch et aus dem Wäissen Haus.
Den Zaff géing an den nächsten zwee Joer regelméisseg op Washington fléien an testweis bei den Obamas wunnen fir ze kucken et et passt….

Et gouff emol schon eng Familljefoto gemaach.

Facebooktwitterredditpinterestlinkedinmail

Leave a Reply