Breaking News: Lëtzebuerger Geméis gëtt ab September 2016 Vegan

Et gëtt ëmmer méi schwéier fir ee konstant Wuesstum zu Lëtzebuerg ze garantéieren, virun allem nodeems Lëtzebuerg e puer kräfteger op d’Patte krut wéinst de Steiererliichterungen fir grouss international Konzerner.  Och d’TVA op den elektroneschen Handel fällt lues a lues ewech, esou datt Lëtzebuerg bal nëmmen nach vun de Steieren op Zigaretten an Alkohol säi Wuelstand ka garantéieren.

Natiirlech sichen eis Politiker weider Standbeen a probéieren ze diversifiéieren, well sollt abemol den Tank an Tubak Tourismus och ewechfalen, an dat kann net méi laang daueren, sti mir schéin domm do.

Een éischte Schrak a Richtung Diversifikatioun huet Lëtzebuerg jo schon mat der Ukënnegung gemaach, dat mir wëlle Virreider am Space Mining sinn.  ( D’Adem sicht iwweregens nach ëmmer händeringend Leit déi wëllen am Space Mining am Weltall schaffen).

Eis Regierung ass sech awer och eens, datt dat net duer geet an huet am Geheimen, zënter 2 Joren, mat auslännesche Spëtzewëssenschaftler un engem neie Konzept geschaft, dat sech elo ausbezillt.

De moie koum eng Eilmeldung vum Landwirtschaftsministère eran, déi dat neit Standbeen vu Lëtzebuerg virstellt.

“Nodeems mir gesinn hunn, datt et am Ausland scho vegan Zoossiss, Ham, Bifteker etc. gëtt an datt dat immens gutt funktionéiert, hu mir eis gefrot wéi mir och op den Zuch kënne mat opsprangen. No laange Berodungen an Hëllef vun auslänneschen Experten, si mir frou fir kënnen matzedeelen wéi mir wëllen d’Finanzen vum Land erem opbesseren an och d’Renten bis an d’Joer 2345 garantéieren.

Et ass wiirklech eppes ganz neies an et gouff dat nach néierens op der Welt: Mir bauen ab der Rentrée VEGANT Geméis unn.

Et schéngt en extraordinairen Challenge, mee eis Experts-Kollegen hunn eis garantéiert, datt dat Geméis wat mir demnächst hei zu Lëtzebuerg wärten ubauen zu 100% vegan wärt sinn.

Domat si  mir sécher, datt mir d’Zukunft vu Lëtzebuerg garantéiere kënnen.

Mee et bleift net dobäi, well ab 2017 wärte mir och 100% vegant Waasser zu Lëtzebuerg produzéieren. Nieft Rosport, Rosport Blue a Viva wärt dann och nach Vegalux op de Marché kommen.  Mir sinn eis och sécher, datt dat wärt een Exportschlager ginn a mir hu wëlles et an d’ganz Welt z’exportéieren.”

Op Nofro hinn am Staatsministère, krute mir och nach weiderféierend Infoen:

“Well dat elo esou ee grousse Beräich gëtt, gëtt een neie Ministère gegrënnt, dee sech em déi zwee nei Standbeen bekëmmert. Et gouff duefir och een neie Ministeschposte crééiert.  Den neie Minister fir Vegant Geméis a vegant Waasser ass d’ Geneviève Gantelo, bis elo an der Lëtzebuerger Politik nach onbekannt.  Si krut d’Plaz, well si keng Parteikaart huet a well si eng Fra ass”, esou de Premier.

 
 
 

Facebooktwitterredditpinterestlinkedinmail

  1 comment for “Breaking News: Lëtzebuerger Geméis gëtt ab September 2016 Vegan

Leave a Reply