Lëtzebuerg verdeelt gratis “Denunzianten a Beleidegungs Kit”

De Wahlkampf leeft schon zënter enger Zäitchen, a wat mir méi no un den Oktober kommen, wat den Toun méi haart a méi rau gëtt op Facebook. Scho virun e puer Joër, wou et ëm d’Auslännerwahlrecht goung, gouff et Rapp a Klapp op de verschiddenste Facebook Säiten.

Dat ass och der aktueller Regierung opgefall. An nodeems all Stot ee gratis Rauchmelder krut, gouff elo och décidéiert, datt all Stot zu Lëtzebuerg een “Denunzianten a Beleidegungs Kit”(DBK) kritt.

Ëm wat handelt et sech beim DBK?

Den DBK ass eng Mini Tastatur, déi per USB un de Computer geschloss gëtt. Si huet just 3 Tasten:

  • 2 Beleidegungstasten
  • 1 Denunziante-Knäppchen

De Claude Meisch mengt, datt een hautzdags eis Matbierger net méi froë kann, eppes richteg schreiwen ze kënnen. D’Schüler brauchen et jo och net méi ze kënnen, da soll dat och fir déi aner Leit gëllen. Duefir geet et duer, wann een op de Beleidegungs-Knäppchen dréckt an et gëtt automatesch eng Beleidegung généréiert an och direkt op Facebook gepost.

“Den Denunziante-Knäppchen ass fir déijeneg, déi de ganze Dag als Moral Police op Facebook ënnerwee sinn. Si kënnen da mat engem Klick direkt e Screenshot un de Parquet schécken an an engems eng Plainte maachen géint all déi Leit, déi eng aner Meenung hun wéi si selwer”, seet de Felix Braz. “Den DBK muss een am Kader vun der Simplification administrative gesinn. Et brauch een sech net méi d’Méi ze maache fir nach alles auszedrécken an un de Parquet ze schécken. Alles gëtt automatiséiert”

Well d’Regierung sech net viwerfe loosse wëll, datt se op engem An blann wiren, ginn et direkt zwou Versioune vum DBK. Eng fir déi Leit, déi méi riets geriicht sinn an eng fir déi Leit, déi méi lenks geriicht sinn.

Den DBK kritt een ab e Mëttwoch op all Gemeng.

Facebooktwitterredditpinterestlinkedinmail

Leave a Reply