Honey I Shrunk the Bettel and the Bausch*

BETTEL_BAUSCH_Charte

(*Liebling ich hab den Bettel und Bausch geschrumpft)

Haut gouf d’Charte de la sécurité routière ënnerschriwen, wou sech all d’Ministèren fir méi Stroossesécherheet engagéiert hunn.

Et ass beim feierlechen Ënnerschreiwe vun der Charte e puer cleveren investigative Journalisten opgefall, datt de Xavier an de François net esou ausgesinn hu wéi soss.  Wéi op der Foto z’erkennen ass, sinn déi zwee Politiker vu groussem Format an hirer Gréisst nawell uerdentlech geschrumpft.  Doropp ugeschwat wollten déi zwou Giganten aus der Weltpolitik sech awer net dozou äusseren.

Den CSI Polvermillen huet d’Foto du mat groussen daieren Moyennen analyséiert. D’Trixi Wënzéng, eng vun de beschte Forensikerinne vun der Welt huet eng bahnbrechend Method benotzt fir d’Gréisst vun eisen zwee Vorzeigepolitiker erauszefannen: “Mir hun d’Charte als Referenzgréisst benotzt. Dat ass een A4 Blat, also 29,7 x 21cm. Wann een d’Längt vum Blat als Referenz hëllt, kënnt een zur Conclusioun, datt den Här Bettel an den Här Bausch elo manner wéi ee Meter grouss sinn.

Wéi et dozou komm ass, kann oder wëll keen erklären.

Onofhängeg Experten, dorënner de Mister Science vun RTL, denken awer, datt et sech em eng Art ëmgedréinte Pinocchio-Syndrom handelt.
Dem Pinocchio seng Nues ass all Kéiers gewuess, wann hien eng Lije gezielt huet.  Hei schengt et ëmgedréint sinn. All Kéiers wann eis zwee Ausnahmepolitiker erem eppes Dommes entscheeden schéngen se ze schrumpfen.

Et gett elo gefaart, datt ee geschwënn een Elektronemikroskop benotze muss fir déi zwee Politiker nach kënnen ze gesinn.

RTL huet elo schon Mikroskopadaptere bestallt fir un hir Kameraen ze schrauwen. Et gëtt just gefaart, datt se net séier genug ukommen.

Facebooktwitterredditpinterestlinkedinmail

Leave a Reply