Sensatioun: Jesus Christus bei der Himmelfahrt zu Heiderscheid geblëtzt

jesus-christ-wallpaperDéi Nooricht, déi mir de moie kruten ass bal net ze gleewen, mee si gouff eis awer offiziel bestätegt.

An de fréie Moiesstonnen woren d’Agenten vum Radarbletzzenter vu Bartreng erstaunt wou se dëst bild gesinn hunn. Vir d’éischt wosste se näischt domat unzefänken. Wéi kann et sinn datt eng Persoun zu Fouss mat 232km/h geblëtzt gëtt a wat sinn all déi Wolleken an déi Lucht ronderem?

Nodeems den éischten eng Idee hat, wat et kéint sinn, huet hien de Vatikan kontaktéiert an hinnen déi Foto geschéckt an nëmmen e puer Minuten drop koum och prompt d’Aentwert vum Vatikaneschen RadarBletzzenter.

Et ass Jesus Christus op sengem Wee an den Himmel. Onglawen huet sech breet gemaach, well Christus jo awer secher méi séier wéi 232km/h ënnerwee wir fir an den Himmel, soss bräicht e jo éiweg. Mee d’Erklärung ass awer u sech ganz logesch. Hie wor nach kuurz seng Mamm op Wolz besichen. Déi ass jo och dëse Weekend, wéi all Joers ëm dëss Zäit, zu Lëtzebuerg. Hie wollt awer fort eh de moien de ganzen Tralala ugeet an huet sech also an de fréie Moiesstonnen op de Wee an den Himmel gemaach. Hie muss dunn grad tëschent Heiderscheid an dem Heiderscheidergronn Ulaf geholl hunn wou e geblëtzt gouff.

Mir hunn de Minister Bausch de moien gefrot wéi dat dann elo gehandhabt gëtt. Schlussendlech wor Christus mat 232 km/h (nodeem schon gütecherweis 3km/h ewechgerechent gouffen) ënnerwee.
Op déier Plaz ass awer just 90 km/h erlaabt. Dat wir jo awer een Délit de grande vitesse.

Den Här Bausch wosst sech allerdéngs och kee Rod de moien. “Mir hunn net domat gerechent datt mir géingen Jesus blëtzen. Jo hien wor definitiv ze séier ënnerwee.  Dobai hu mir nach déi formidabel Zuel vun 3km/h oofgerechent, mee e wor trotzdem nach ze séier. Mee mir wëssen net wat maachen. Hien huet jo och kee Führerschäin an och kee feste Wunnsëtz. Ech weess net wou mir un hie kommen. Mir mussen dat elo nach vun Price Waterhouse Coopers préiwe loossen ob mir do eng legal Handhab hunn.  Mee Chrëschtdag bis Ouschteren ass hien jo erem hei.  Da musse mir kucke wéi mir dat da reegelen.  Mir si schon am Kontakt mam Popst fir eng Léisung ze fannen.”

Facebooktwitterredditpinterestlinkedinmail

  3 comments for “Sensatioun: Jesus Christus bei der Himmelfahrt zu Heiderscheid geblëtzt

Leave a Reply