Kriminellegewerkschaft géint Uschafung vun TESLA S Autoe bei der Police

Wéi de Moien ze héiere war, kritt d’Lëtzebuerger Police deemnächst 2 Tesla S. Mir hu vill positiven awer och negative Feedback krut.

Den Elon Musk, Chef vun Tesla a SpaceX, ass super zefridden, well seng Autoen elo endlech zu Lëtzebuerg getest ginn. 2 Joer soll et daueren, bis eis Police erausfonnt huet, wéi vill déi Autoe verbrauchen a wéi wäit ee mat enger Charge kënnt. “Gott sei dank, well mir hunn am Moment guer keng Anung wéi wäit dat eisen Auto fiert”, esou den Elon Musk, dee weider seet datt Lëtzebuerg fir hien de Jackpot ass. “Net nëmme maachen si elo endlech Tester mat eisen Autoen, nee mir wäerten och am Kader vum SpaceX Programm ganz enk mam Lëtzebuerger Space Programm SPAST zesummeschaffen.

Mee et héiert een och vill Negativ Reaktiounen:

D’Gewerkschaft vun de Kriminellen KBU(Klau a Beetsch Unioun) ass entsat an enttäuscht doriwwer, datt si net ëm hiren Avis gefrot gouf wou et ëm de Kaf vun 2 Tesla S fir d’Police goung.

De Ben Dit, President vun der KBU, sot eis op Nofro hin: “Dat ass dach net ze packen. D’Regierung ass sech guer net am Kloren doriwwer, wat dat fir eis heescht. Méi vun eise Membere wäerte vun der Police gepëtzt ginn. Domat maache mir ee grousse Verloscht. Mee mir loossen eis dat net bidden. Wann et haart op haart kënnt, streike mir!”

“Effektiv wäerten dann déi Kriminell op der Flucht extrem ënnermotoriséiert sinn”, heescht et vum Policeminister, “mee mir kënnen och net no jidderengem kucken. Si kënnen sech jo ëmschoule loossen. Life Long Learning zielt och fir Krimineller. Si kréie keng Extrawurscht!”

Bei de Membere vun der KBU héiert een zwou Klacke lauden. Déi eng fäerte fir hir Zukunft: “Solle mir eis dann elo op d’Adem aschreiwe goen? Dat wier äusserst penibel, och mir hunn eise Stolz”.

Déi méi sportlech Kriminell laachen driwwer: “Spéitstens wann se eis mam Tesla ugehalen hunn, sprange mir aus dem Auto a lafe fort. Zu fouss kommen se souwisou net no a si dierfen och net schéissen. No 20 Sekonnen hu mir se ofgehaangen, do dengt den Tesla och näischt”

Deemno, Affaire à suivre…

 

 

 

 

Facebooktwitterredditpinterestlinkedinmail

Leave a Reply