Äerderwiermung Duerch Waarm Loft vun de Politiker

 

Bis elo gouf ëmmer geduecht, d’Äerderwiermung géing haaptsächlech duerch den CO2 Ausstouss vun Autoe (SUV!!), Fligeren a Croisièresschëffer produzéiert ginn. Eng nei Studie huet awer elo de gréisste Sënnebock endlech ermëttelt. Nach vill méi wéi d’Kéi, déi Gasen esouwuel hanne wéi och vir erausloossen, stellen d’Politiker de gréissten Deel vu waarmer Loft hir.

Et kéint ee mengen et wier duerch de Fuerpark vun extrem kraaftvolle PS Boliden (mat bloer Luucht als Standardausstattung) déi all Minister gratis zur Verfügung huet. Dat ass awer net dat Fall. D’Hin an Hir Reese mat Fligeren vir emol kuerz engem d’Hand ze rëselen ass och net de Schëllegen.

Ma wat ass dann elo de Problem?

Eng nei Studie vun Uni.lu, huet huet et elo endlech erausfonnt: Bei eise Politiker gëtt immens vill geschwat fir immens wéineg bis guer näischt ze soen. “Duerchschnëttlech schwätzt e Politiker 48 Minutten a 37 Sekonne fir op eng einfach “JO oder NEE” Fro ze äntweren, ouni allerdéngs eng konkret Äntwert ze ginn. Dobäi gëtt masseg CO2 ausgestouss, wat als INDIREKT Folleg d’Äerderwiermung huet”, esou de Björn Köttbullar, Leader vum internationale Fuerscherteam.

Et gëtt awer och méi DIREKT Ursaachen. Virun allem zu Lëtzebuerg hunn an der Lescht vill Politiker, trotz selektiver Amnesie an Interpretatiounsdivergenzen, uerdentlech geschweesst, well hir Magouillen opgeflu sinn. Dobäi gëtt extrem Hëtzt produzéiert, déi ouni Ëmweeër, d’Äerd erwiermt

D’Fuerscherteam vun 12 Leit, dat sech 18 Joer mam Thema beschäftegt huet, erwaart sech och schonn den 2020 Nobelpräis fir Physik, jo esouguer den 2020 Friddensnobelpräis fir déi Decouverte.

Mir hu bei eiser Regierung nogefrot fir ee Commentaire zu dëser dach brisanter Decouverte ze kréien, mee goufe just vertréischt: D’Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung ka sech un näischt erënneren, de Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte sëtzt am Fliger vu China op Lëtzebuerg, obwuel jo do och mëttlerweil een Zuch fiert an de Gesondheets- a Wirtschaftsminister ass an Loun-Verhandlunge mat sengem neie Patron aus der Privatwirtschaft.

Facebooktwitterredditpinterestlinkedinmail