Tram gëtt duerch Knuppautoen ersat

E fiert nach net offiziell, ma schon huet et eng éischte Kéier geknuppt. Gëschter Owend gouff et dat éischt Akkzident mam Tram. Mat lapidaren 3 Zeilen an der Rubrik “Unter ferner liefen” huet RTL et ganz brav online bericht ouni d’Commentairen opzemaachen…

Eis Regierung huet awer, wéi ëmmer, immens séier réagéiert. Schlussendlech soll en den nächste Weekend endlech fueren, eise Siggi.

“Beim Crash vu gëschter Owend gouff leider eng Persoun blesséiert an dat soll net méi virkommen”, heescht et vum Minister Bausch, dee weider seet “Iwwert d’Nuecht gouffe sämtlech Forainen a Schausteller vu Kiirmessen aus der Groussregioun kontaktéiert. A si woren all immens kooperativ. Mir wärte bis den nächste Weekend all d’Trams-Rammen duerch Knuppautoen ersetzen. Mir hunn eng Woch Zäit fir d’Knuppautoen esou ëmzerëschten datt se op den Tramsschinne fuere kënnen.

An enger zweeter Phase wärte mir all d’Autoen déi um Kirchbierg ënnerwee sinn och mat Knupp-Dispositiffen ausstatten. Fir kënnen um Kierchbierg ze fueren muss dann all Auto eng Knupp-Vignette hunn, déi een nëmme kritt, wann den Auto mat engem Décke Gummisrank ronderem d’Carrosserie ausgestatt gëtt.

Mir hunn dem “Tram” elo och ee méi passenden Numm fonnt. Amplaz vu “Siggi” heescht en dann ab dem 10. Dezember “KNUPPI””

Facebooktwitterredditpinterestlinkedinmail

Leave a Reply