Breaking News: Nom Brexit elo och Luxxit?

Luxxit
Nodeems elo bekannt gouff, datt d’Vereenegt Kinnikräich (Engand) d’EU verléisst, ass eng Lawinn lassgetrëppelt ginn.

Zu Bréissel steet d’Welt op der Kopp, an och zu Lëtzebuerg ass ee Steen un d’Rulle komm.

Effektiv huet de Premier Xavier Bettel dem Drock noginn an de moie bekannt ginn, datt hien och wëll zu Lëtzeuerg een neie Referendum maachen, ob Lëtzebuerg soll an der EU bleiwen oder net.

Hien hofft, datt d’Forces Vives vun der Natioun, bestoend aus der Lëtzebuerger Elite vun Intellektuellen an Kënschtler dat banaalt Vollek zum Bleiwen uspornt, mee am Fall wou mir géingen fir een Luxxit wielen, ass schon alles préparéiert.

Price Waterhouse Coopers hat schon viru Méint ee Plang ausgeschaft, wéi Lëtzebuerg kéint elleng eenz ginn.

De Referendum iwwert de Luxxit gëtt zimlech kuerzfristeg gehal. Nach virun der Rentrée solle mir och oofstëmmen ob mir weiderhi wëllen vu Bréissel oofhängeg sinn oder ob mir eis emanzipéieren an een onofhängege Stat ginn, deen sech duerch Space Mining, den Ubau vun Cannabis, Glécksspill a Prostitutioun selwer dréit.

Den neie Minister, dee sech ëm déi nei Beräicher bekëmmert, ass nach net bekannt. Hannert virgehalener Hand gëtt allerdéngs vun enger onoofhängeger Fra ouni Parteikaart geschwat, déi schon Direkter vun enger grousser Administratioun wir an elo och an de Staatsrot genannt soll ginn. Well si domat nach ëmmer net ausgelaascht wir, géing si dann och Minister vum neie Superministère du Space-mining, de la Culture de Cannabis, des Jeux de Hasard et de la Prostitution ginn .

Och d’Bankgeheimniss géing am Fall vun engem Luxxit erem agefouert ginn.

Den Euro géiff an dem Fall erem oofgeschaff zu Lëtzebuerg an d’Präisser och erem halbéiert, ob den Niveau ob dem se den 31. Dezember 2001 woren.

Wéi schon oft spekuléiert, huet d’Lëtzebuerger Zentralbank effektiv nach all d’Lëtzebuerger Frangen, déi no der Aféierung vum Euro agezu gouffen. Déi géingen dann ab September erem an den Ëmlaf kommen.

Donieft géing d’TVA och erem erofgoen.

Lëtzebuerg géing de selweschten Status kréien wéi d’Schwäiz. Mat bilateralen Verträg géing een trotzdem nach vun allen Virdeeler profitéieren, ouni d’Nodeeler ze hunn

Apple huet sech de moien och schon gemellt a gemengt, si géingen mat Itunes zeréck op Lëtzebuerg kommen, wann d’Bankgeheimniss erem géing agefouert ginn an d’TVA erem géing erofgoen.

Et schéngt es, wéi wann de Referendum géing zesummefaalen mam zweete Familjendag vun der Fouer. Virum Freedefeier sollen d’Leit da wielen ob se an der EU bleiwe Wëllen oder net. Wéi all Vote ass och dee Vote obligatoresch. Deemno muss also all berechtechte Wieler op d’Fouer goe fir do oofzestëmmen.

Facebooktwitterredditpinterestlinkedinmail

Leave a Reply