Claude Meisch: Endlech cool mat Hëllef vum P-Diddy an dem Jay-Z!

meisch-klo-di

 

Eng nei Ëmfro huet erginn, datt de Claude Meisch um absoluten Nullpunkt bei der Beléiftheet ënnert de Schüler an de Studenten ukomm ass. Kee kann hie méi leiden an kee respektéiert hien.

Fréier, wou hien nach Buergermeeschter vun Déifferdeng wor, wor dat kee Problem.  Do wor hien och net beléift.  Mee do konnt hien mat der Hëllef vu séngem Brudder, dem Friends Meisch, d’Déifferdenger einfach begeeschteren mat der Organisatioun vun engem grousse Konzert zum Beispill, wou den Friends och selwer gär opggetrueden ass.

Mee d’Schüler an d’Studenten sinn do e bessi méi hartnäckeg.  A fir sech de Respekt bei hinnen eremzekafen, huet de Claude Meischt 2 extern Consultanten aus den USA kommen gelooss: den P-Diddy an den Jay-Z.

Et gëtt elo händeringend un engem Image change geschafft. De Claude Meisch soll lues a lues zu engem coole Minister ginn.  An haut op der Pressekonferenz nom Regierungsrot konnt een den éischten Succes vun der Transformatioun gesinn:

Den Här Meisch huet fir d’éischte Kéier seng nei cool Minista Pose an aller Ëffentlechkeet gewisen.  Mat verschränkte Rapper-Äerm  an dem granzegen Mond vum Grumpy Cat huet de Minister Meisch de moien sengen manner coole Minister Kollegen d’Show gestuel

Fir nach besser bei de Jonken unzekommen, waert de Claude Meisch och säin Numm äenneren. Vum 1. Januar 2015 unn heescht hien dann My-sh Klo-dee.

Facebooktwitterredditpinterestlinkedinmail

Leave a Reply