Ab Januar 2016: Péage am Nitro-Rondpoint Serra

cerra

Nodeem de Rondpoint Serra de läschte Weekend zu engem Turbo Rondpoint mutéiert ass, huet sech erausgestallt, datt et nach ëmmer net séier genug geet fir de Stau vun der Nordstrooss op de Kiirchbierg méi kleng ze maachen.

Stonnelaang huet de Stau sech e Méindeg de moien net opgeléist Dobäi hätt een dach deen innovativst Idee vun allen Zäite benotzt: Roud Luuchten an engem Rondpoint.

Fir de Rondpoint elo nach méi séier ze maachen, gëtt aus dem Turbo Rondpoint een Nitro Rondpoint. Doduerch geet et dann nach méi séier duerch de Rondel.

Mee wat heescht Nitro Rondpoint?

Ma fir an de Rondpoint geet et weider wéi elo, iwwert roud Luuchten. Wann een dann erausfuere wëll, kënnt ee bei e Péage-Haischen mat enger Barrière.

Do muss een dann 2 Euro bezuelen an dann kann een erem aus dem Rondpoint erausfueren.

Et kann een awer och een Nitro-Abo beim Stat huelen. Do kritt een dann een Badge, mat deem een direkt erausfuere kann ouni déi 2 Euro ze bezuelen. Den Nitro-Abo kascht 125 Euro d’Joer an waert duerno och am Rondpoint Iirgäertchen, Raemmerech an Gluck gülteg sinn. Déi 3 Rondpointen sollen och Nitro Rondpointen ginn.

D’Souen déi do erakomme gi benotzt fir  déi nächst Katastroph déi nächst grouss Innovatioun ze finanzéieren: Den Tram

Facebooktwitterredditpinterestlinkedinmail

Leave a Reply