Bausch: Pokemon Go am Auto -> Auto an Telefon konfiskéiert!

PrintAn der üblecher Logik vun eiser Regierung an dem Transportminister, sin nom Akkzident vu gëschter moien zu Esch, wou ee Jonken Erwuessenen sech mat sengem Auto iwwerschloen huet, well hien Pokemons iwwert dem fuere fänke wollt, direkt Moossname geholl gi fir weider Akkzidenter an dem Kontext de verhënneren.
De Minister Bausch sot dozou:
  • “Wann ee mat 200km/h an e Rondpoint flitt an do an eng Mauer rennt, gëtt d’Mauer ewechgeholl an de Rondpoint an nächster Zukunft zu enger Kräizung mat roude Luuchten ëmgebaut.
  • Wann ee mat 200km/h an e Rondpoint flitt an do leie bleift, an awer keng Mauer do ass, gëtt ee Radar opgestallt.
  • Wann ee mat 200km/h op enger Landstrooss an ee Bam flitt, ginn all d’Beem ewechgeholl.
Nom Akkzident, wou een Auto sech iwwerschloen huet well de Chauffeur Pokemon go gespillt huet, hunn ech décidéiert, datt wann een zu Lëtzebuerg erwëscht gëtt, wéi een iwwert dem Fuere Pokemon Go spillt, een den Telefon an den Auto ewechgeholl kritt an op Liewenszäit bei alle Lëtzebuerger Telefons an Internet Provider gespaart gëtt.”
Déi Moossnahme trieden ab dem Méindeg den 18. Juli a Kraaft.
D’Radaren ginn elo de Weekend ëmgerëcht, datt si och erkennen, ob ee Pokemon Go spillt.  Duefier gëtt eng nei Technik agesat, déi all Transmissioun vum Handy kann interceptéieren.  Wann do gemierkt gëtt, datt um Handy Pokemon Go leeft, gëtt automatesch den Auto geblëtzt an d’Telefonsnummer vum Chauffeur souwéi d’Foto vum Auto bei d’Police iwwerdroen. Do gëtt dat alles direkt iwwerpréift an dann kontaktéiert d’Police den Telefonsprovider (Post, Tango, Orange, Join etc.) an deen spärt den Telefon an den Internet innerhalb vun enger Stonn.
An engems gëtt direkt eng Dépanneuse an eng Police Patrouille op d’Adresse vum Besëtzer vum Auto geschéckt a waart do bis de schëllege Chauffeur ukënnt fir den Auto an den Telefon direkt matzehuelen.
D’Autoen an d’Telefonen ginn dann ee mol am Mount versteet and den Erléiss gett benotzt fir d’Stroosseluuchten, déi virun 2 Joer op den Autobunnen oofgesät gouffen erem nei dohinnzestellen.
Facebooktwitterredditpinterestlinkedinmail

  9 comments for “Bausch: Pokemon Go am Auto -> Auto an Telefon konfiskéiert!

Leave a Reply