Nei POLICE Uniform elo och virgestallt

Nodeems de Moien déi nei Policeween a Motoen an den neie Logo virgestallt goufen, ass den Owend och nach déi nei Police Uniform enthüllt ginn.

Wéi bei eiser aktueller hipper a jonker Regierung mëttlerweil scho bekannt ( zum Beispill duerch déi revolutionär Idee de Budget op engem USB Stick ofzeliwweren) hun si sech eng genial afale gelooss fir déi nei Police Uniform virzestellen.

An der Rockhal gouf eng Disco Party organiséiert fir déi all bekannte Perséinlechkeeten a Politiker aus Lëtzebuerg an der ganzer Welt invitéiert goufen.

Mat enger bombastescher Lightshow an Discosmusek gouf se dunn enthüllt….

Modern, rout wäiss blo mam neie Policelogo drop. Immens professionell géing se ausgesinn. Si soll och d’Autoritéit vum Polizist ënnersträichen an ënnerstëtzen an an engems awer och eis Jugend uschwätzen. Fantastesch!!

An engems gouf och den neie Police-Helm virgestallt deen ausgesäit wéi en Afro. Dee soll gutt schütze falls ee Polizist sech emol mam Moto géing op de Buedem leeën.

Och de Schnurres gehéiert vun elo un zur Uniform. Och déi weiblech Poliziste mussen de Schnurres vun 2018 un droen. Am Schnurres ass d’Funkgerät dran a soumat sinn all Polizisten konstant mateneen am Kontakt a hun hir zwou Hänn fräi wann si de Funk benotzen.

“Grandios, genial, dat Bescht an dat alles fir ënnert enger Millioun Euro, Dat ass scho bal geschenkt, ass bal 1000 mol manner daier wéi de genialen Tram eis wärt kaschten” héiert een aus der Regierung.

SUPER

 

 

Facebooktwitterredditpinterestlinkedinmail

Leave a Reply