Poopst sprécht Bettel Helleg

xavier_bettel_800Gudd Noorichte kommen aus dem Vatican.
Et ass elo offiziel gewosst, datt Lëtzebuerg säin éischten Hellege kritt.
Mir sinn Helleg!

Effektiv huet de Poobst Franziskus matdeele gelooss, datt wéinst sénge gudden Déngschter fir d’Kathoulesch Kierch an duefir datt déi Geeschtlech weider kënnen op Käschten vun de Steierzueler liewen wéi d’Mueden am Speck, de Xavier Bettel helleg gesprach soll ginn. Fréier Géigener vun der Kierch, hätt de Xavier sech elo bekéiert nom Virbild vun Saulus, deen zum Paulus gouff.

De Xavier Bettel ass entzückt doriwwer an huet och schon ee Photoshoot mat sengem Hellegeschäin gemaach, och wann en nach net offiziel helleg gesprach gouff.

Geschwënn gëtt et dann elo och d’Méigelechkeet fir bei den Hellege Xavier ze pilgeren. Hien soll dann all Zort vu Krankheet duerch Hand Opleeën heelen. Doduerch gëtt d’Krankekeess natiirlech immens entlaascht an de Stat spuert u sech Suen duerch d’Tatsaach datt déi Geeschtlech weider bezuelt ginn.

Nëmmen dat krankhaft Léien vun de Politiker kéint en net heelen.

Facebooktwitterredditpinterestlinkedinmail

Leave a Reply