Ronaldo designed Stiwwele fir de Match zu Lëtzebuerg

“Den Terrain am Stade Josy Barthel ass an engem desolaten Zoustand” konnt een de Moien iwwerall liesen. Wéinst dem Reen ass d’Gras iwwerall futti an et gesäit aus wéi ee geploute Gromperefeld.

D’Panik ass grouss, well e Sonndeg de Länner-Match tëschent Portugal a Lëtzebuerg ass. Virun allem, d’Diva Ronaldo schéngt den Angschtschweess op d’Stire vun de Responsablen vun den FLF ze dreiwen.

Mee de Meeschter selwer, den CR7, den allmächtegen Schwalbegott an Duerftheaterschauspiller Ronaldo huet schon drop réagéiert. Iwwert säin Instagram Account huet hie matgedeelt, datt hien datt bessi Bulli net fäert. An enger halwer Stonn huet hien e ganzt neit Schuhwerk designed, ganz speziell fir de Lännermatch hei zu Lëtzebuerg. Extra modern a stylesch CR7 Gummiisstiwwelen. Hien nett se Luxies. D’Luxies kritt een dann och verschiddene Faarwen e Sonndeg den Owend am Josy Barthel ze kafen. Et ginn der, als éischt Editioun, just 5000 an et kann een se fir 700 euro d’Puer kafen.

D’Familljeministerin, a Cheffin vun engem Schonggeschäft huet och schon een Deal mam Ronaldo gemaach. Ab e Méindeg kritt een eng zweet Editioun exklusiv bei hir am Schongeschäft ze kafen, wor an enger Email vun der Familljeministerin gewuer ze ginn.

 

Facebooktwitterredditpinterestlinkedinmail