RTL annoncéiert nächst Saison vun: “Lëtzebuerg’s Next Guttbezuelte Politiker”

Nom Motto “No der Wahl ass virun der Wahl” lancéiert RTL déi nächst Saison vun “Lëtzebuerg’s Next Guttbezuelte Politiker” (LNGP).

Wärend 2-5 Joer gëss Du vun RTL gecoached an dagdeeglech am Radio oder op der Telé gefeatured bis datt d’Wieler Dech gutt kennen. An da kanns Du Dech bei den nächste Wahlen opstelle fir eng 100% garantéiert fett Plaz an der nächster Regierung, an der Chamber, op Dénger Gemeng oder am Europaparlament ze kréien.

Wanns Du eng vun dëse Froe mat “JO” beäntwerts, bass Du bei eis richteg:

  • Du stells nëmme léif Froen, hannerfrees näischt wat ee Politiker zielt a wëlls deng eege politesch Carte Blanche hunn?
  • Du séngs gären haart am Auto matt an häss gären däin eegene Museksvideo?
  • Du kanns Nuddelen am Waasser kachen a häss gären eng eege Kachsendung?
  • Du kanns keen Englesch, géings awer gären Englesch Nimm live op Antenn massakréieren?
  • Du hues eng Tonn Filteren op dengen Handy’s Fotoen a géings gäre Jurysmember a Moderator vun enger Konschtsendung ginn?
  • Du hues ee Café oder Restaurant an häss gär gratis Reklamm duerfir?

Awer virun allem wëlls Du nom RTL Bootcamp eng “Gutt beim Staat” hunn? Da mell dech elo schonn un fir déi nächst Saison vun “Lëtzebuerg’s Next Guttbezuelte Politiker – Nationalwahlen Edition”

Mell Dech u mat engem Video vun Dir iwwert d’RTL WhatsAppnummer un: 621 666 555

Mat der Ënnerstëtzung vun ALLE politesche Parteien, déi händeringend nei “Talents” sichen fir bei der nächster Wahl e puer Prozent méi ze kréien.

Facebooktwitterredditpinterestlinkedinmail