Snoop Dog neie Cannabis Minister zu Lëtzebuerg

De Xavier Bëttel huet de Mëtteg d’Bomm platze gelooss.:

De Cannabis récréatif gëtt zu Lëtzebuerg legaliséiert.

Wat en nach net gesot huet ass wéi ee Ministère sech dorëms bekëmmert a wien de Minister vum Ressort gëtt.

Aus ganz sécherer Quell krute mir haut de Mëtteg um 4:20, hannert virgehalener Hand, d’Confirmatioun, datt et zu Lëtzebuerg en neie Ministère wäert ginn:

Ministère de la Kulture du Cannabis, net ze verwiessele mam ale Ministere de la Culture deen elo “Ministère de Culture OC (Ouni Cannabis)” wäert heeschen.

Wat awer de ganz grousse Worf wäert sinn: de Snoop Dog gëtt neie Cannabis Minister. Laut eiser Quell housch et an de Koalitiounsgespréicher, datt wa scho soss kee kompetente Minister an der Regierung wier, misst een zumindest fir den neie Ressort en Expert fannen.

Facebooktwitterredditpinterestlinkedinmail

Leave a Reply