Vitesse 30 op den Autobunnen ab 1. Januar 2016

autobunn

 

Nodeems an der Nuecht op e Freideg ee Fuerer mat 252km/h zu Steebrécken op der Escher A4 gestoppt gouff, huet de François Bausch es elo genug. “Et muss endlech eppes géint esou onresponsabel Fuerer gemaach ginn”, huet hie gemengt.
Duefir wor de moien eng Drénglechkeetssëtzung mat der Regierung an den eigentlechen Décideuren hei am Land: McKinsey Lëtzebuerg. Et gouff zimlech séier eng Léisung fonnt, déi déier Léisung fir 15 Beem op enger Landstrooss, wou honnerte vu Beem stinn, ze fällen, an näischt nosteet.

Wéi elo de Mëtteg um Briefing nom Regierungsrot bekannt gouff, gëtt ab 1. Januar 2016 d’Vitesse op de Lëtzebuerger Autobunnen op 30 erofgesat.

An enger éischter Phase sollen also d’Autobunnen an eng Zone 30 verwandelt ginn. Wéi dat an enger Zone 30 Usus ass, gëllt dann och iwwerall riets Virfahrt.  An anere Wierder hunn déi Gefierer Virfahrt déi op d’Autobunn eropfueren.
Fir bei den Opfahrten Akzidenter ze verhënneren kommen op deene läschten 2 Kilometer virun all BrenshuegelOpfahrt all 50m Bremshiwwelen.

De François Bausch verdeedegt sech mam Argument, dass souwisou elo schon 90% vun der Zäit d’Autoen op de Lëtzebuerger Autobunnen am Stau stinn an do esouguer mat manner ewéi 30km/h géinge fueren.

Eventuell kéint zu engem spéideren Zäitpunkt déi Zone 30 op den Autobunnen an en “Shared Space” verwandelt ginn, wou Autoen, Foussgänger, Velosfuerer a Kanner déi spillen, matenen harmonéieren, esou wéi et dat zënter kuurzem am Zentrum vu Barteng gëtt.

Facebooktwitterredditpinterestlinkedinmail

Leave a Reply